Mer benotze Cookien - Se hëllefen eis, fir däin Hattrick-Erliefnes ze verbesseren.
Andeems de eise Site benotz, akzeptéiers de datt mer Cookien op dengem Apparat setzen an drop zougräifen.

Noriichten

3-19-2021 Leitartikel: Roadmap 2021, Deel 2: Economie

Am Editorial vu gëschter hu mer iwwert eis fir dëst Joer, a kommend Saison geplangten Features geschwat. Fir de Rescht vum Joer soll een zentralt Thema d’Economie vum Spill sinn. Mir schaffen dorop hinn, fir eng méi dynamësch, selwer-reguléierend Economie opzebauen, déi dorop ausgericht ass, de Benotzer op hirem Wee an Hattrick méi interessang Auswielméiglechkeeten ze bidden.
De Problem ass Folgenden, vill Benotzer hunn a Spiller investéiert, déi net vill um Terrain genotzt gouffen, awer d’Profil fir een zukünftegen Trainer haten. Vue datt net erwaart gouf, datt dës Spiller iwwerhaapt u Wäert géinge verléieren, obschonn se méi aal goufen a keen Training kruten, hu si sech zu enger Méiglechkeet entwéckelt fir kënne, ausserhalb vum Board Reserve System, Suën ze stockéieren.

Eis Propose fir der Situatioun vum Opstocken vun “Zukünftege Trainer” entgéint ze wierken, an deems mir hire Wiessel zum Trainer méi deier gestalte wollten, hätt quasi “iwwer Nuecht” de Marché futti gemaach, an wir zevill ee krassen Aschnett gewes, dofir hu mir dës Iddi verworf. Den eigentleche Problem wir och net geléist, vue datt dann eben aner Spillertypen fir eng änlech Taktik géingen genotzt ginn. Mir hunn also de Problem misse nei definéieren.

D’Board Reserven goufen als Puffer geschaffen, fir secher ze goën, datt räich Veräiner net hirt ganzt Verméigen an enger Keier kéinten ausginn, a sech dann besipilsweis, an der Mëtt vun der Saison, een Kompetitiounsvirdeel erschaffen kéinten. Dës Iddi hale mir nach ëmmer fir gutt. De Fait datt Benotzer bereet sinn, hir Suën an spekulativ Spillertransferten ze riskéieren, fir op dësem Wee Suen ze “späicheren”, amplaz se an d’Board Reserven ze stiechen, weist dorop hinn, datt den aktuelle System warscheinlech ze vill restriktiv ass.
Mir versichen eng Situatioun ze erschaffen, bei der d’Board Reserven weiderhinn Suën vum Veräin kënnen ophuelen, déi awer och Méiglechkeeten ubitt, fir ee kontrolléierte Zougang op dës Suën ze hunn.

Eng éischt Mesure, ass ee neie Mechanismus, bei dem de Management een Deel vun de Transfertrevenuen halen kann – bei Spiller déi net oft agesat goufen. Esou kéim net nemmen den “zukünftegen Trainer” Typus, mee och all anere Spiller a Fro, dee schonns lang am Kader ass, och wann e keng Matcher méi spillt.

Fir all Spiller soll de Verkaafs-Prozentsatz den gehalen ka ginn ugewisen ginn bei engem Verkaf, a wéivil anerwäerts an d’Reserven sollte fléissen. Spiller déi regelméisseg agesat ginn, si nett vun dëse Virkéierungen betraff, wann déi verkaaft ginn, da soll alles esou oflafen wéi bis elo. Kierzlech kaaften, oder promouvéiert Spiller, gehéieren och an dës Kategorie.

Nëmme wann ee Spiller fir ee längere Zäitraum net an engem Match gesat gouf, hëllt de Virstand d’Entscheedung, datt hien seng Ufuerderungen iwwerschratt huet an doweinster och net ersat muss ginn. Verletzungen ginn bei der “onbenotzter Zäit” net mat ugerrechent. “Onendlech” verletzte Spiller kéinten awer mat der Zäit an dës Kategorie falen, an hir Transfertsuen dann och an d’Reserven fléissen.

Hei sinn e puer Beispiller wéi dëse System kéint ausgesinn:

1) Wannste ee Spiller keefs an en direkt nes verkeefs nodeems en och nëmmen ee Spill gemaacht huet, bleiwen 100% vun de Suen (ausser Transfergebühren) an der Kees, ouni datt Ëppes an d’Board-Reserven fléisst.

2) Wann ee Spiller 4 Wochen hannereneen pro Match manner wéi 60 Minutten gespillt huet an duerno verkaaft gëtt, ginn 24% vum Revenu an d’Reserven, an de Rescht an d’Kees.

3) E Spiller, den als Stammspiller gëllt, kënnt net zum Asatz. Fir all 2 Wochen an deenen hien net genotzt gëtt (fir op mannst 60 Minutten), brauch hien dann 3 Wochen, mat op mannst 60 Minutten an engem Championnat- oder Coupematch, fir nes als Stammspiller klasséiert ze ginn. Dee Moment kann de Manager nes 100% vum Verkaf halen. Wann de Spiller nëmme nach Frëndschaftsmatcher spillt, da dauert et 6 Wochen fir de Status erëmzekréien.

Op dës Art a Weis ka sech de Prozentundeel vu Cash dee beim Verkaf vun engem Spiller gewonne gëtt, vu Woch z u Woch änneren. An d’Reserven kënnt näischt wann ee Stammspiller verkaaft gëtt, et kënnen awer bis zu 100% vum Akommes fléissen, wann ee Spiller verkaaft gëtt, den méi lang wéi eng ganz Saison net agesat gouf.

Dësen neie System trëtt d'Saison a Kraaft déi am August 2021 ufänkt.

Et sief nach emol dorop higewisen, datt déi Suën net verluer sinn. Se ginn an d’Reserven gestach, déi manner restriktiv beim Notze vu Suën agestalt solle ginn, wéi dat bis elo de Fall war. De gesamten Verwaltungsrot soll nei Funktioune kréien den d’Interaktioun mam Finanzdirekter soll vereinfachen, an esou guer eng perséinlech Bezéiung mat him erlaben. Wannste eng gesond Bezéiung zum Verwaltungsrot hues, an deng Ziler als Manager erreechs, da gëtt och de Verwaltungsrot méi kooperativ am Ëmgang mat de Suën.

Dës entsprëcht an engem erwéiderte Sënn, eise Mossnamen fir d’Economie ze gestalten. Mir haten ganz lang eng Inflatioun bei Hattrick, an de Grond dofir, datt zevill Suën am Spill generéiert ginn, ass nach ëmmer do. Di grouss Zommen u Cash féieren dozou, datt Suën gehort ginn. Wa Veräiner no Méiglechkeeten sichen fir hir Suen zu schützen, da wëssen si einfach net, wéi si an hir Veräiner investéiere sollen. De meeschten Revenu bei Hattrick ass festgesat, woubäi awer d’Käschten (haaptsächlech duerch Salairen) duerch Benotzerentscheedungen bestëmmt ginn. Dat bedäit, datt et net genuch Mechanismen bei Hattrick gëtt, fir an d’Economie anzegräifen, esou wéi et an de Vollekswirtschaften an der realer Welt de Fall ass.

D’Zil vun Hattrick ass net, fir eng realistësch Simulatioun vun der Economie ze sinn, mee ee flott Spill fir esou vill méi méiglech ze sinn. Den eigentlëche Problem, dee mir mat Economie am Spill gesinn, ass, datt vill Managerentscheedungen oninteressant oder automatesch gi sinn, an den heiche Montant u Suën a räichen Veräiner et och neie Benotzer schwéier gemacht huet, fir erfollegräich ze spillen, an hire Wee ze fannen.

Mir wëllen d’Economie lues a sécher méi dynamësch gestalten, bei dem Käschten an Revenu op dat reagéieren kënnen op wat sech grad an der Economie ofspillt. Extrem Situatiounen wei d’Usammelen vu Suën sollen evitéiert ginn. Et soll awer och an déi Richtung goën datt al a räich Veräiner lues a lues hir grouss Virdeeler verklengert kréien, esou datt opstriewend Veräiner besser belount ginn. D’Board Reserven sinn ee vu villen Instrumenter fir dës Regulatioun ëmzesetzen.

Mir striewe keng Revolutioun un. Wannste Besëtzer vun engem alen a räiche Veräin bass, bleiwen ëmmer nach vill Virdeeler erhalen, awer mir kéinten den Zougrëff op des Virdeeler e bësschen upassen. Wann ee Benotzer de Fokus op säi Veräin vernoléissegt kéint hien e bësschen no hanne rutschen – wann de Benotzer dann zereck kënnt an aktiv ass, kan hien erëm Buedem gutt machen. Eng aner Méiglechkett besteet doranner, ee Virdeel a kuerzfristeger Zäit schwéier errechbar ze maachen, an ee langfristegen Virdeel ëmmer nach schwéier ze verléieren. Wat mir eis erhoffen, ass méi Bewegung an de System ze kréien, souwuel an den ieweschten an awer och an den ënneschten Divisiounen.

Di nei Richtung fir d’Economie wäert vill Deeler am Spill beaflossen an géint Ënn vum Joër wäerten déi sech dann bemierkbar machen.

Mir wäerten natirlech méi doriwwer verroden, wann ët souwäit ass. E puer vun dësen Iddiën wäerten a Zukunft och entweder am Forum, oder an Emfroën,déi fir de nächste Mount geplangt sinn, virgeluecht a diskutéiert kënne ginn.

Villmols Merci fir deng Opmierksamkeet, a weiderhinn vill Spaass!

D’HT-Ekipp

 
Server 071