Mer benotze Cookien - Se hëllefen eis, fir däin Hattrick-Erliefnes ze verbesseren.
Andeems de eise Site benotz, akzeptéiers de datt mer Cookien op dengem Apparat setzen an drop zougräifen.

Fantasy football games

De Begrëff Fantasy Football Games bezéit sech op ee Spill, bei dem et dorëm geet fir virauszesoën, wéi eng Spilller aus reelle Veräiner déi beschte Leeschtung opruffen wäerten. Du grënns eng virtuell Ekipp, meeschtens fir ee bestëmmten Liga-Concours, wiels ee Spiller aus der Liga aus a stells en an deng Ekipp op. Duerno sammels Du Punkten, je no effektiver Leeschtung vun dësem Spiller am “richtege” Liewen.

E puer bekannten Optiounen sinn Telegraph Fantasy Football, Yahoo Fantasy Football an ESPN Fantasy Football. Een änlecht Prinzip verfollegt och Comunio. Concoursen kënne fir Ligen wéi d’Premier League Fantasy Football organiséiert ginn, mee awer och fir international Eventer wéi d’Weltmeeschterschaften.

Eng virtuell Liga entsprecht am Oflaf den Evenementer vun der reeller Liga. Wa sech ee Spiller am “richtege” Liewen verletzt an ausfällt, da kann hien och keng weider Punkten fir de Manager sammelen den hien ausgewielt huet. Fir erfollegräisch ze spillen, muss Du virtuell gutt scouten an Norichten iwwert RL – Veräiner verfollegen, fir datt’s Du um Lafende bleifs, wéi eng Spiller grad a Form oder aus wat fir Grënn och ëmmer net fir de näechste Match opgestallt ginn.

Ass Hattrick ee Fantasy Football Game?

Hattrick léisst sech natirlech am Beschten als Futtball-Manager Spill beschréiwen, mee et ass och wouer datt Hattrick och ee richtegen Fantasy Football Spill ass, vue datt sämtlech Veräiner a Spiller komplett fiktiv an eenzegarteg am Hattrick Spill sinn. D’Veräiner sinn erfonnt, zesummegesat, gedeeft, an entwéckelt vun richtegen Benotzer, déi an de Kompetitiounen géint aner richteg Benotzer treffen, déi all hir eegen Strategien entweckelen. D’Saison bei Hattrick, entsprëcht net der Saison an der “richteger” Welt, mee huet hiren eegene Rythmus.

Bei Hattrick fënnste keng reell Spiller, mee all Spiller ass eenzegarteg, a sinn d’Produkt vu Scouting, Jugendakademie-Investitiounen, an Entscheedungen déi vun “richtegen” also menschlëche Manager geholl goufen. Aus der Siicht, gehéiert Hattrick zu den Fantasy Football Games, bei dem all eenzelen Benotzer dozou bäidréit, d’Ëmstänn vum Spill matzegestalten.

Hattrick ass e gratis Managerspill. Et wäert dech ni eppes kaschten, fir eng Ekipp unzemellen a se dono ze managen. Mer wäerten och ni Sue froen, am Échange géint Virdeeler am Spill. Et ass allerdéngs méiglech, fir däi Benotzerkont mat Hattrick Supporter ze verbesseren. Doduerch kriss de extra Méiglechkeete fir deng Ekipp ze analyséieren an ze personaliséieren, a fir mat anere Manager ze interagéieren.
 
Server 071