Mer benotze Cookien - Se hëllefen eis, fir däin Hattrick-Erliefnes ze verbesseren.
Andeems de eise Site benotz, akzeptéiers de datt mer Cookien op dengem Apparat setzen an drop zougräifen.

Noriichten

3-18-2021 Leitartikel: Roadmap 2021, Deel 1: Chat, Mobil-App, Leeschtungen

De neien Weltmeeschterschafts-Modus ass lancéiert, an elo ass et un der Zäit fir iwwert weider Pläng fir des Joer ze schwätzen. Een Thema ass zum Beispill d’In-Game-Economie, awer do wäerte mer méi muar an eisem zweeten Deel matdeelen. Zu eise zukünftege Projetën gehéieren de Leeschtungs-System, e bessere Chat-System op eiser Website an een community-orientéierten Update fir eis mobil App.
De Januar hate mer eise neien Weltmeeschterschafts-System gestart, an dem mir aktuell di eischten U20-Kontinentalmeeschterschaften duerchspillen. Méi speid an der Saison wäerte si zou den U21-Ekippen wiesselen an hir Weltmeeschterschaft ufänken. An der Saison drop starten dann d’Senioren hiren eischten Zyklus am neie System. Mir freeën eis, fir all d’Nationalekippen am neien Format spillen ze gesinn!

Mir hunn nach e bësschen Aarbecht mam neie WM-System, mee mir konzentréieren eis a Zukunft op aner Features. Den Dueblen Eliminatiounsmodus fir Tournoië an virun zwou Wochen, den Opstellungs-Simulator fir Supporter si schonn um lafen.

Den Ament schaffe mer un dräi Projetën, déi mer an de nächste Méint gären géingen lancéieren. Mir géingen gären d’Navigatioun tëscht den eenzelnen Chat-Rooms um Chat-Portal op eisem Site vereinfachen. Des weideren wëlle mir mat Hëllef vun Filteren de Spam op aktiven Chats reduzéieren, esou änlech wei mer et schon bei den Live-Auslousungen gemaacht hunn.

Eng weider Saach un der mir drun sinn, ass eng nei lokal-orientéiert Funktioun fir eisen mobilen App ze plangen, den Dir erlaabt eng Verbindung mat lokalen Benotzer-Gruppen ze notzen, fir chatten oder Matcher géinteneen ze spillen. Natirlech gëtt bei dëser Funktioun, allerhéchsten Prioritéit op d’Privatsphär geluecht! Fir datt den App-Benotzer aktivéiert gëtt, muss hien explizit säin Akkord bei der Aluedung ginn. Den Standort soll nëmmen dofir benotzt ginn fir de Benotzen enger bestëmmten Lokalitéiet bäizeuerdnen an dem sech dëse Moment och aner Benotzer befannen, mir ginn keng Informatiounen weider un Drëtter. D’Iddi ass fir den Standort ze memoriséieren. D’Berechtegung vun der App, fir op de Standort zrëckzegräifen, leeft automatesch no 24 Stonnen oof.

Mir gesinn dest als ee klengt Experiment un, awer als Ëppes, dat Hattrick kéint eng wierklech interessant Dimensioun ginn, zumools wann et dorems geet fir lokal Kommunautéiten am Spill ze erfuerschen an opzebauen.i

Eisen Haaptprojet fir dës Saison ass awer d’Refonte vun eisem Leeschtungs-System. Mir hunn dofir e puer Grënn. Eischtens ass et een Hattrick System dee villen Notzer Spass mecht, a schon aleng dowéinst e Grond fir en op de neieste Stand ze brëngen! Mir wëllen d’Notzerfläch verbesseren, fir datt se méi verständlech, ënnerhalend an allgemeng méi stabil soll ginn. Mir halen natirlech och all virun erreechten Leeschtungen a Punkten bäi.

Duerch d’Refonte vun der Plattform selwer, erhale mir méi Flexibilitéit, fir nei an interessant Erausfuerderungen an dëse System mat opzehuelen.

A leschter Zäit hu mir vill nogeduecht, wéi den Trajet vun engem Hattrick-Benotzer géing ausgesinn, firwat fir di eng Ufänger d’Spill direkt vun Ufank un extrem kompetitiv ka sinn, awer aner Benotzer sech méiglecherwéis an enger Art “Stëllstand” befannen, bei denen wärend e puer Saisonën nt vill Neies geschitt. Mir wäerten vill Beräicher duerchliichten, a versichen nieft der allgemenger Erausfuerderung vun engem Manager fir an di iewescht Liga opzesteigen, och nach kleng, interessant Ziler abauen. Mir kucken awer och fir strukturell Problemer ze fannen, ewei zum Beispill d’Strukturen vun der Liga, Ekippen-Mechanismen an Economie, déi fir eventuell onerwënschten Konsequenzen suerge kéinten.

Wat d’Leeschtungen ubelangt, esou bedäit dat, datt a regelméissegen Ofstänn neier bäigesat ginn. Mir versichen och fir nei Beräicher bäizesetzen, déi bis elo nach net genotzt goufen, esou datt se och fir Manager geéegent sinn, dei méiglecherweis nach net esou wäit sinn fir all déi elo existéierend Leeschtungen ze erfëllen.

Am Beräich “Benotzerentwécklung” ginn et awer och nach gréisser Problemer, déi ee mat neien Features sécherlech nett esou bal geléist kritt. D’In-Game-Economie ass ee sou een Thema, wëll de Moment ginn opsteigend Ekippen duerch se gebremst, wougéint eeler Ekippen een permanente Virdeel vis-à-vis vun hinnen notzen.

Leschten Hierscht hate mer schonn op dës Situatioun an der In-Game-Economie opmierksam gemaacht. Dëst am Contexte vun den ugekënnegten Ännerungen vun de Präisser fir “zukünfteg Traineren”, eng Iddi déi mer elo schlussendlech awer net emsëtzen. Muer am zweeten Editorial, deelen mir Dir méi mat wat eis bei eiser Analyse opgefall ass, a wéi eise Plang dozou ausgesäit.

Merci datt s Du dir Zäit geholl hues !
 
Server 071