Mer benotze Cookien - Se hëllefen eis, fir däin Hattrick-Erliefnes ze verbesseren.
Andeems de eise Site benotz, akzeptéiers de datt mer Cookien op dengem Apparat setzen an drop zougräifen.

Noriichten

1-10-2021 Leitartikel: Ee Perséinleche Guide fir d’Weltmeeschterschaft

Et ass esou wäit, no méintelaanger Aarbecht steet de neie Weltmeeschterschaftsmodus prett an de Startlächer. Vill nei Saachen goufen geännert, elo hu mer ee mei flexiblen Modus fonnt bei dem och all eis 144 Natioune matspillen kënnen, an et koumen och kontinental Meeschterschaften dobäi fir Europa, Afrika, Amerika an Asien-Ozeanien.
Eis Haaptmotivatioun war et fir d’ Konzept vun de Nationalekippen mei interessant fir eis Benotzer ze gestalten, sief et als NT-Coach, als Scout, oder als virtuellen Futtball Patriot den einfach nëmme seng Ekipp ënnerstëtze wëll! Dës Woch bidd jidferengem ee perfekten Start fir sech fir d’Nationalekippen ze engagéieren, falls dat net schon geschitt ass, vue datt d’Walen fir déi nei Trainer jo schonn am gaange sinn.


2002 gouf schonn dei éischte Weltmeeschterschaft bei Hattrick gespillt, Schweden huet der 6 vun de 7 éischten Meeschterschaften gewonn gehat. Awer mat der Zäit sinn och aner Natiounen méi staark ginn, an haut hu sech d’Weltmeeschteschaften zu enger immens spannender Affaire entwéckelt, bei der engagéiert Kommunautéiten spektakulär Resultater erreechen kënnen, wa si gutt mateneen schaffen. De richtege Training vun den Talenter aus den eegene Reien, ass ganz wichteg, an dat bréngt mat sech, datt d’Zesummenaarbecht tëscht Benotzer an Nationalteams ëmmer méi u Bedäitung an der Hattrick-Kommunautéit gewonn huet.


Mir wëllen déi positiv Aspekter mat dem neien Weltmeeschterschaftsmodus weiderhinn ënnerstetzen, an hoffen datt ëmmer méi Benotzer sech fir hir Nationalekippen engagéieren wëllen. Mat der Kandidatenlëscht fir d’Nationalekippen, hu mer schonn eng Feature op d’Been gesat, fir de Kontakt tëscht den NT-Coachen an den Besëtzer d’Kommunikatioun ze vereinfachen. Eng méi spilleresch Aktioun hu mer an eiser Krëschtkampagne fir Benotzer déi erëm bei Hattrick ugefangen hunn, gestart. Déi kruten all een staarken, awer net verkaafbaren, Spiller aus enger vun den neien 16 Natiounen, fir se ze motivéieren de neie Prozess ze ënnerstëtzen.


Den Haaptplat op dësem grousse Fest, bléift awer dat neit Format. Dei lang Qualifikatioun mat 128 Ekippen, an enger Finalronn mat 32 Ekippen gëtt duerch ee mei flexiblen Modus ersat bei dem all d’144 Hattrick Natiounen matmaachen kënnen, a falls nach weider Natiounen sollte bäikommen, dann ass dat bei dësem Format och kee Problem.


All dës Natioune spillen an der eischter Saison vum Nationalteam-Zyklus mol fir d’eischt eng Kontinental Meeschterschaft (Europa, Afrika, Amerikas an Asien-Ozeanien). D’Ustousszäit ass net mei 20.00 HT mee gëtt un déi jeeweileg lokal Auerzäiten ugepasst.


No der eischter Saison, ginn d’regional Gewënner gekréint, a baséierend op d’Resultater an den kontinentalen Meeschterschaften, qualifizéieren sech 96 Ekippen (entweder direkt oder duerch Wildcard-Matcher) fir déi nei Weltmeeschterschaft. D’Gruppen ginn dann duerch d’Rankingpunkten an duerch eng live Auslousung définéiert, vun der mir hoffen datt et eng spanndend an spaasseg Aktioun fir sech gëtt.


De neie Schedule a weider Detailler kënnt dir hei am Hattrick manual fannen. Zanter eiser eischter Virstellung vum Schedule hu mer e puer Ännerungen virgeholl fir net zevill Matcher op de Weekend ze léen.


An enger eischter Phase, kréien d’U20 Ekippen e neie Trainer, a fänke mat hirer eischter Saison an de kontinentale Meeschterschaften un, a spillen an der zweeter Saison dann d’Weltmeeschterschaft. An der nächster Saison ginn dann Senior NT-Trainer gewielt a fänken dann hirersäits mam neie Zyklus un. Vu nächster Saison un änneren sech dann och d’U20 an U21 Ekippen, esou datt den Alterslimit vun de Spiller natirlech och an d’Luucht geet.


D’Walen goufen staark iwwerschaft. E gréissere Problem bei de Walen war dat sech vill Benotzer enthalen hunn, speziell bei klengere Natiounen konnt dat zu “manipuléierten” Walen féieren. Dat gouf duerch Fake Accounts déi mat Zäiten kreéiert goufen erreecht. Mir huelen elo e puer Mesuren fir ze vermeiden datt dëst sech nett nach emol widderhëllt.


D’Wielstëmmen ginn elo anescht bewärt. Ewéi och soss, geet et duer op mannst eng Saison dobäi ze sinn fir wielen ze däerfen. Awer mat der Zäit kann e sech “Bonus” Stëmmen verdengen, déi dann méi wäert sinn, wéi dei vun engem Benotzer den grad mol eng Saison dobäi ass. Et ginn och Bonus-Stëmmen fir Manager déi hir Ekipp aktiv an der vireschter Saison geleet hunn.


Fir méi kleng Länner ze schützen, bei deenen et vläit eng handvoll lokal Benotzer gëtt, kréien Benotzer mat zousätzleche Veräiner d’Recht fir an hirer jeeweileger Nation ze wielen. Och wann dës Wieler net “lokal” sinn, sou sinn si dach oft aktiv an nëtzlech fir déi lokal Nationalekippen. Hir Stëmme gi manner staark wéi déi vun den lokale Benotzer bewäert, mee awer staark genuch fir géint eventuell Attacken vun Fake Accounts kënne ze konteren.


Als Benotzer, kann een nëmmen eng eenzel Stëmm fir een Kandidat ofginn. Mee duerch déi Faktoren Anciennetéit, an Spillaktivitéit kréien déi Stëmmen méi Gewicht beim Endresultat. Lokal Benotzer kréien hir Stëmmrecht no enger Saison, dann e wéidere Bonus no 5, 10 a 15 Saisons am Spill. Benotzer vu zousätzleche Veräiner kréien eréischt no 2 Saisons hir Stëmmrecht, an dann réischt no 10 Saisons an der nämlechter Natioun ee weidere Bonus.


Je no Aktivitéit vum Manager kënne Benotzer och bis zu 2 Stëmmen kréien. Fir een Benotzer den seng Ekipp normal leet, sinn d’Konditiounen dofir och einfach ze erfëllen, awer fir Benotzer vu falsche Veräiner misst den Opwand sech net mei lounen fir Walen ze manipuléieren.


Mir wire ganz frou wann den een oder aneren vun iech, erausfannen géing wivil Spass d’Ennerstëtzen an Verfolgen vun Nationalekippen maachen kann. Checkt mol d’Rieden vun äre Kandidaten an ärem Land, frot si an ärem Nationale Forum mol Ëppes… Wien wees, vläit ass esou guer ee zukünftegen Nationalspiller an ärem Kader, dee just nach op de richtegen Training waart?


Vill Spaass, a bléift gesond!
 
Server 070