Mer benotze Cookien - Se hëllefen eis, fir däin Hattrick-Erliefnes ze verbesseren.
Andeems de eise Site benotz, akzeptéiers de datt mer Cookien op dengem Apparat setzen an drop zougräifen.

Hausregelen

Däi Behuelen

Du kanns bei a mat Hattrick vill Saache maachen, mä fir datt d'Spill jidderengem Spaass mécht, musse mer Regelen hunn, op deenen hirer Basis mer kënnen handelen. Dës Regele sinn einfach a relativ evident, a se gëlle fir all Beräicher vun Hattrick. Hattrick soll fir all Mënsch Spaass maachen a sécher sinn, onofhängeg vum Alter, dem Geschlecht, den Originen, der Rass oder der Relioun. Fir et kuerz ze maachen, et gëtt vun der erwaart fir jiddereen ze respektéieren, a sief der bewosst, dass och Kanner wëllkomm beim Hattrick sinn.

Wien dës Regele brécht, kann direkt bei Hattrick erausfléien. Denk dorunner, datt d'Gamemasteren d'absolut Autoritéit hu wa se décidéiere sollen, op een dës Regele brécht.

Et ass fir dech als Hattrick-Manager vëlleg verbueden, fir eng vun deene dote Saachen ze maachen:

  • Engem anere Spiller oder an engem Forum vun Hattrick Messagen, via HT-Mail, am Gëllene Buch oder mat anere Mëttelen, ze hannerloossen, déi an enger Form oder enger anerer menacéieren, beleidegen oder ofwäerten. Spam un aner Benotzer oder an de Foren ass och verbueden, dat heescht Messagen, déi net gefrot goufen, wéi zum Beispill Reklamm, Froen no Frëndschaftsmatcher an een ze froen, ob e wéilt Supporter vun engem ginn. Et ass och verbuede sech bei Hattrick frech oder a soss enger Form schlecht ze behuelen.
  • Ze versichen, d'Eegentum vun Hattrick Europe Ltd ze klauen oder fir anerer ze encouragéieren dat ze maachen. Zu dësem Eegentum gehéieren d'Serveren, d'Software an all Material, dat mat engem Copyright protegéiert ass.
  • De Site ze scannen oder fir Programmer ze maachen, ze benotzen, ze verdeelen déi Deeler vum Spill automatiséieren, et sief dëst wier ausdrécklech genehmegt gi vun de Spill-Entwéckler. Et ass och verbuede Stécker vum Site op anere Siten oder an anere Programmer ze integréieren.
  • Op iergendeng Manéier ze versiche fir ze fuddelen, sou wéi zum Beispill ze versichen d'Passwierder vun anere Manageren erauszefannen oder fir op iergendeng aner Manéier deenen anere Spiller de Spaass ze verdierwen.
  • Ze versichen, fir Accès op Informatiounen, déi net direkt um Site stinn, ze kréien, oder Donnéeën op eng ähnlech Aart a Weis ze verëffentlechen. Du däerfs nëmme mat engem Browser oder enger CHPP-certifiéierter Applicatioun op Informatiounen zougräifen an dech op dem Site beweegen.
  • Engem ëffentlech Gefuddels virzegeheien, Reklamm ze maache fir Saachen aus dem richtege Liewen (dozou gehéieren och sougenannt Referral Links, vun deenen ee profitéiere kéint), fir kriminell Aktivitéiten an/oder Drogen ze ënnerstëtzen, Korrespondenz mat den HT-Offiziellen ze verëffentlechen, spezifesch GM oder Mod-Décisiounen matzedeelen oder iwwer individuel Decisiounen ze diskuttéieren.

Zu gudder Lescht sief nach gesot, datts nëmmen ee Benotzerkont däerfs hunn. Fir et nach eng Kéier ze widderhuelen, et ass verbueden, fir méi wéi ee Benotzerkont ze kontrolléieren. Wanns de e puer Benotzerkonte kontrolléiers, riskéiers de vun Hattrick suspendéiert ze ginn. Et hëlleft der näischt, wann ee vun denge Frënn de Benotzerkont opmécht: wanns du e kontrolléiers (also um Rudder bass), gëss de och als Besëtzer considéréiert. Däi Benotzerkont ass deng Privatsaach. Dat heescht, datt deng Frënn oder deng Famill sech net däerfe mat dengem Benotzerkont connectéieren, fir en ze benotzen, an du däerfs en och net enger anerer Persoun ginn. Et ass och net erlaabt, fir Spiller vu Kollegen zu engem ze héije Präis ze kafen, och wanns de u sech nëmme wéils dem Kolleg e Gefale maachen! Kontaktéier d'GMen direkt, wann eng Offer op ee vun denge Spiller ganz kloer ze héich ass. Benotz w.e.g. eis Kontaktsäit fir e Gamemaster ze kontaktéieren.

Fir all déi Situatiounen déi net ausdrécklech an de Regele beschriwwe sinn, hunn d'offiziell Mataarbechter vun Hattrick (GM, Mod, CHPP) déi onbegrenzten Autoritéit fir am Sënn vun de Regelen ze entscheeden. All Kommunikatioun mat den Hattrick-Offiziellen ass absolut perséinlech an däerf a kenger méiglecher Form verëffentlecht oder weidergeleet ginn.

 
Server 071